Prinzessin Pippilotta! Wat e Liewen! Wat e Glanz! A wat ech danze wäert! D Prinzessin Pippilotta danzt am Liicht vum Lagerfeier an zu den Téin vun Trommelen! Oh, wat mäi Rank an der Nues Kaméidi wäert maachen! Wéini wéini fiers du? , freet den Tommy. Seng Stëmm kléngt e bësse raschteg. D Hoppetossa hëlt muer den Anker eran , seet d Pippi. Déi dräi Kanner stinn eng Zäit laang do, ouni eppes ze soen. Et schéngt näischt méi ze ginn, dat ee soe kéint.
Den Tommy an d Annika sinn traureg, well d Pippi, hir bescht Frëndin, mat sengem Papp Efraim Laangstrëmp fir ëmmer op d Kurrekurreduttinsel segele wëll, wou den Efraim Kinnek ass. Geléngt et dem Tommy an dem Annika, d Pippi a leschter Minutt ëmzestëmmen?