Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk, charismatesch, ongewé inlech attraktiv, e begaabte Sportler mat engem Ofschloss vun enger 'Ivy League' Université it, dee flé issend Dä itsch a Fransé isch geschwat huet, an ausserdeem war de 'Merg', wé i seng Frë nn hie genannt hunn, och nach deen eenzege mä nnlechen Ierwen vun engem grousse Familljevermé igen.
Mee am Dezember 1944, nodeem d'Japaner Pearl Harbour ugegraff haten, war dat alles egal. Well hien och wollt sä in Deel bä idroen, huet de Merg sä i verzaubert Liewen opginn an sech frä iwë lleg bei der Armé i gemellt. Hie gouf engem Opklä rungstrupp an der 28ter Infanterie-Divisioun zougedeelt, dé i sech sollt duerch Frankrä ich, d'Belsch a Lë tzebuerg kä mpfen. Më tt November 1944, no zwou Woche vu fuerchtbaren, bluddege Gefechter am Hü rtgenwald, gouf di ramponé iert, midd gekä mpften 28st Infanterie-Divisioun no Weste gesché ckt fir e bë sse wuelverdé ngten R&R.
De Merg an de Rescht vum Opklä rungstrupp goufen an dä r klenger Uertschaft Eschweiler (Eeschwë ller) ë nnerbruecht, wou d'Zaldoten sech sé ier mat den Duerfleit ugefrë nnt hunn, dé i mat hinnen hier Haiser, hier Moolzechten, Hoffnungen an Dreem gedeelt hunn. Well et him liicht gefall ass, ze kommunizé ieren, a well hie seng gutt gefë llte Pä ck vun doheem ë mmer gedeelt huet, huet d'Duerf de Merg geschwë nn als een aus hirer Më tt ugesinn. Fir eng kuerz Zä it huet d'Liewen rë m bal normal gesché ngt.
D'Idyll gouf ee Mount mé i spé it zerschloen, wé i di Dä itsch en Iwwerraschungsugrë ff duerch d'Bë scher vun den Ardennen gestart hunn. D'Battle of the Bulge hat ugefaang. Zesumme mam Rescht vu Lë tzebuerg war Eschweiler drop an drun, vum schnellen dä itsche Virstouss iwwerrannt ze ginn. Wé i den Opklä rungstrupp sech huet missen aus dem Duerf zré ckzé ien, sinn si direkt an d'Truppespë tzt vun den Dä itschen an deem Sektor gerannt. Si waren ageklemmt an hate just zwou Optiounen: Gefaangeschaft oder Doud. An dë ser Situatioun huet de Merg bewisen, wat fir ee wierklech aussergewé inleche Mann hie war.